Landwirtschaft an Ernärung concernéieren ons all! Dofir appelléiert Meng Landwirtschaft, dorënner natur&ëmwelt asbl, haut um Welternärungsdag fir och zu Lëtzebuerg alleguerten di relevant Acteuren ronderëm en Dësch ze kréie, fir ee gemeinsame Wee an ee soziaalen, ökologeschen a wirtschaftlech-nohaltegen Ernährungs- a Landwirtschaftssystem opzezeechen. An engem Oppene Bréif froe mir d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, d’Organisatioune vun der Zivilgesellschaft op de Landwirtschafts- an Ernärungsdesch ze invitéieren.